Blannesensibiliséierung

Lescht Woch sin 3 Leit vun der AMVA Vereenegung (Aide-moi à voir autrement) bei eis an d’Klass komm. D’Pascale huet eis erzielt, wéi een  am Alldag eens gëtt wann een blann ass. Mir konnten op enger spezieller Schreiwmaschinn eisen Numm an Braille-Schrëft schreiwen, mir hun e Wee  duerch de Klassesall mat engem Blannestaf misste fannen an mir hun vill Spiller mat verbonnenen Aën gespillt.

Et war e ganz flotte Moien a mir hun vill Neies geléiert!