Der ganze Cycle 3 fährt zum Schlittschuhlaufen nach Kockelscheuer.

Am Dienstag waren wir Schlittschuhlaufen. Zuerst mussten wir die Schlittschuhe schnüren und das war leider nicht sehr einfach.

Am Anfang war das Schlittschuhlaufen für einige Kinder etwas schwierig, aber nach 2 Stunden haben auch unsere Anfänger gute Fortschritte gemacht und jeder drehte seine Runden auf dem Eis. Die Profis machten sogar Wettrennen über das Eis.

Zum Glück hat niemand sich verletzt, alle waren zufrieden und wollen noch einmal zurückkommen.

 

Am Wanter um Bauerenhaff

Haut, de 6. Februar waren mir eng zweete Kéier zu Dippech um Bauerenhaff.
Mir hun d’Kéi an d’Källefcher gefiddert an mir hun hier Schlofboxen am Stall mat ganz rengem Stréi ausgeluecht. No enger Stonn an enger halwer an der Keelt dobaussen sin mir eis eran opwiermen gaaangen.
Do kruten mir fir d’éischt Erklärungen iwert Getreide. Duerno hu mir mat enger Flockenquetsch-Maschin  Huewer a Kar zerquetscht an eisen Müsli selwer gemaach. Mat der frëscher Mellech vum Bauerenhaff an Korinthen an gedrëchenten Bananen huet de Müsli eis ganz gudd geschmaacht.

 

Blannesensibiliséierung

Lescht Woch sin 3 Leit vun der AMVA Vereenegung (Aide-moi à voir autrement) bei eis an d’Klass komm. D’Pascale huet eis erzielt, wéi een  am Alldag eens gëtt wann een blann ass. Mir konnten op enger spezieller Schreiwmaschinn eisen Numm an Braille-Schrëft schreiwen, mir hun e Wee  duerch de Klassesall mat engem Blannestaf misste fannen an mir hun vill Spiller mat verbonnenen Aën gespillt.

Et war e ganz flotte Moien a mir hun vill Neies geléiert!