(H)Uhu!… Eis léif Eilen
Eppes Séisses fir de Pappa
Happy Birthday!
An de Gromperen
Moi – Quizlet
Am Wanter um Bauerenhaff
Haut, de 6. Februar waren mir eng zweete Kéier zu Dippech um Bauerenhaff.
Mir hun d’Kéi an d’Källefcher gefiddert an mir hun hier Schlofboxen am Stall mat ganz rengem Stréi ausgeluecht. No enger Stonn an enger halwer an der Keelt dobaussen sin mir eis eran opwiermen gaaangen.
Do kruten mir fir d’éischt Erklärungen iwert Getreide. Duerno hu mir mat enger Flockenquetsch-Maschin Huewer a Kar zerquetscht an eisen Müsli selwer gemaach. Mat der frëscher Mellech vum Bauerenhaff an Korinthen an gedrëchenten Bananen huet de Müsli eis ganz gudd geschmaacht.